Letzebuerg ass vu SENGE nuddelegen Unhängsel beréiert!

Nodeems d’Kierch vum fléiende Spaghettimonster honnerte vu Joeren am Ennergrond existéiert huet, war am Joer 2005 d’Zait reif, un d’Effendlechkeet ze goen. Eise grousse Prophet, de Bobby Henderson, huet mat engem Schreiwen d’Welt iwwert SENG Nuddelegkeet a Kenntnis gesat. Seitdeem breed sech eise Glaawen iwwert de ganze Globus aus an eis Gemeinschaft zielt mettlerweil Milliounen wann net Dausende vu Pastafari. Domat ass de Spaghettimonsterismus déi am schnellste wuessend Glaawensgemeinschaft an der Geschicht vunn der Menschheet!

Graff vereinfacht beseet eise Glaawen, dass d’Welt an alles wat mer kennen (Bierger, Beem, Zwergen, asw) vu SENGER Nuddelegkeet erschaaf goufen, a verfügt dobai iwwert eng ganz Rei vu Virdeeler géigeniwwer den traditionelle Reliounen:

  • Eis Gottheet ass a la bolognese
  • Mär fannen Piraten zimmlech toll (de Mensch staamt vum Pirat of)
  • Eise Glaawen ass Evidenz-baséiert
  • Eis moralesch Werter sinn zimmlech flauscheg
  • An eisem Himmel get et e Béiervulkan an eng Stripperfabrik
  • Freides ass e reliéise Feierdag

Trotz deenen staarken Argumenter get eis awer leider oft nogesoot, eis Relioun géif just dem Zweck dingen, aaner Reliounen op satirech Art a Weis ze kritiséieren oder Messstänn opzedecken, déi d’Verhältnis tescht Stat a Reliounen betreffen. Dovun distanzéiere mär eis ausdrecklech! Et handelt sech dobai just em Onwouerechten, déi vu messgenschtege Leit geziilt an d’Welt gesat ginn, fir eis an eise Glaawen ze diskreditéieren. Falls trotzdem iegendeppes op desem Site net 100% seriéis eriwwerkennt, dann handelt et sech dobai em pueren Zoufall.

  1. Ech sin e glèwegen FSM, ech gléwen nëmmen un dat wat och foctionnéiert. An FSM mat Bolognese a Parmesan, dat fonctionnéiert

  2. Lasst uns Inne-kehren und beten.

    Heilige Nudel und heiliges Fleischbällchen verschone uns vor Rohkost und Pommes mit Ketchup. Sei allgegenwärtig, so auch im Supermarktregal beim Discounter als auch im Bioladen um die Ecke. Gelobt sei Dein Geruch nach würziger Bolognesesausse und geheiligt seien deine beiden Fleischbällchen. In Ewigkeit, Nudel.

  3. Ech schwiren:

    • Den pastafari an all liewenslagen gleweg ze bleiwen
    • all nuddel desser welt ze eiren an fair ze behandelen
    • d’kirch vun der fsm an allen situationen ze anerstezen usw

    Ramen

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

You may use these HTML tags and attributes:

<a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <s> <strike> <strong>