Den neisten Arrr aus dem beschöflechen Palais!

Léif Bridder a Schwesteren,

Duerch déi indirekt Pub déi d’Kierch vum hellege Spaghettimonster (FSM Lëtzebuerg) matt hirem Bréif un de Premier vum 1. Mee 2015 fir déi kathoulesch an déi anglikanesch Kierch (duerch d’Erwähnen vun hiren respektiven Facebook-Linken) gemaach huet, huet d’kathoulesch Kierch innerhalb vun engem Mount 31 an déi anglikanesch 3 nei Likes kritt. Déi kathoulesch Kierch huet wéinst FSM also lo 1169 Memberen zu Lëtzebuerg, an déi anglikanesch 66. Natierlech freeën mir eis fir all Kierch, déi wiisst, entschëllegen eis awer och bei deenen aneren monothéisteschen Reliounsgemeinschaften, dass hire Facebook-Link am Bréif net erwähnt gouf. 

Et erfreet mäin Häerz a stärkt mech am Glawen, wann ech gesinn, dass an deemselwechten Zäitraum FSM Lëtzebuerg iwwer 1600 nei Memberen krut a sech definitiv als déi gréissten Reliounsgemeinschaft hei am Land etabléieren konnt!

D’Nuddel soll mat iech all sinn!

Strozzapreti
Äerzbëschof

fsm-creation

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

You may use these HTML tags and attributes:

<a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <s> <strike> <strong>