KIR ROYAL ELEISON!

Den ARRR aus dem bëscheeflechen Palais!

Pastafängsdesch Missiounswoch vum 24ten bis den 31ten Mee!

Léif Schwëstern a Bridder,

Mir feieren an der nächster helleger Woch d’Entsendung vum hellege Spaghettimonster (dat anerer wuel als ‘Geescht’ mengen erkannt ze hunn … mee Geeschter gëtt et jo bekanntlech net).

Fir dës Woch eiser helleger Nuddelzegkeet d’Éier ze erweisen, biede mer iech all, eng Profilphoto vun iech matt Seibecken um Kapp (oder am Piratekostüm) matt engem Link op d’FSM-Säit (https://www.facebook.com/groups/fsmlu) fir iech zu ärem Glawen ze bekennen an och är netgleeweg Bekannten op de rechte Wee ze féieren.

D’Nuddel soll mat iech sinn!

Gezeechend am Mee Anno 2015

Äerzbëschoff Strozapretti a seng ganz pastoral Equipe

22297_694037527373785_579296058982654563_n

 

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

You may use these HTML tags and attributes:

<a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <s> <strike> <strong>