Kommt matt Ären als Pirate verkleete Kanner an Ärer Seibecken de Sonnden, den 19. Juli um 11h00, op den Open-Air-FSM-Brunch* am Haff vum Atelier (mir kréie jo aus onerkläerleche Grënn nach ëmmer keng eidelstoend Kierch). D’Entrée ass fräi. Et gëtt Gedrénks an dräi Zorten Nuddelen:

Trinité nouilleuse (13€ déi dräi, ee Plat: 7€)
Le Père: Spaghetti al pomodoro e polpette
Le Fils: Gnocchi al tartufo
Et le Simple d’Esprit: Orecchiette al pesto verde

Dat Ganzt gëtt musikalesch animéiert, a mir feieren déi alleréischt pastafarianesch Spaghettismass zu Lëtzebuerg.

Den Atelier ass an der Hollerecher Strooss, nr. 54 … ob den Hollerich selwer och do ass, wësse mer nach net, mä mir hunn nach e vill méi wichtegen Iwwerraschungsgaascht!

Eis Relioun, déi zur gréisster hei am Land ginn ass, hëlt nach ëmmer u Popularitéit zou, an dat ganz pesto, euh… presto!

Mir freeën eis Iech all ze gesinn. D’Nuddel sief matt Iech!

RAmen!

FSM Luxembourg
https://www.facebook.com/groups/fsmlu
http://fsm.lu/

* Wann et reent, dann ass den Event am Atelier dobannen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *