Bréif un de Monseigneur Hollerich zum Te Deum 2015
Här Äerzbëschof
Wéi eise Maître d’Hôtel eis elo just matgedeelt huet, hu mer bis dato nach keng Invitatioun fir den Te Deum vum 23 Juni 2015 kritt.
Mir wellen Iech dowéinst lo net gläich duerch den Fleeschwollef dréinen, mä mir fannen dat e bësschen papeg, ëmsou méi, well all aner monothéistesch Glawensgemeinschaften, an der Lescht vun Iech agelueden goufen, fir un dem feierlechen Zeremoniell deelzehuelen.
Fir dass keen vun de Würdenträger während der Zeremonie Entzugssymptomer kritt, bréngen mir och d’Spaghettien an de Béier matt. Dir braucht Iech also net em eist Iessen ze këmmeren.
Mir sinn iwwerzeecht dat et sech ëm en iergerlechen Oubli handelt, a wäre frou wann der ärem Sekretariat géingt matdeelen eis eng Invitatioun zoukommen ze loossen.
Mat beschte pastafareschen Gréiss
Strozzapreti
Äerzbëschof